Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Technesche Krom

Vu Wikipedia

Op dëser Säit kann alles diskutéiert ginn, wat mat techneschen Aspekter vun der Wikipedia-Aarbecht ze dinn huet.

Et kënne Froe gestallt ginn, wéi eppes funktionéiert, oder Ufroe gestallt gi fir nei technesch Funktionalitéiten. Et kann een Erklärungen heihinner schreiwen, déi op deenen eenzele Schablounen- oder Moduldiskussiounssäite verluer goe géifen, awer och soss alles beschwätzen, wat villäicht e bëssen ze vill an den techneschen Detail geet fir den „normale“ Staminee.

Wann Dir keng Diskussiounssujete verpasse wëllt, kënnt Dir dës Säit einfach op Är Iwwerwaachungslëscht setzen.

Kuckt och

Fir emol unzefänken: "Sproochen" a reduzéierter Form

[Quelltext änneren]

Moien, op verschiddene Wikien, wéi eiser, gi lénks all Sproochen ugewisen, an deenen et eppes zum selweschten Thema gëtt.

Bei der Haaptsäit ass dat e bësse problematesch, well dat einfach ze laang ass (300+) an d'Säit 3 Mol sou laang mécht wéi den Text deen do steet. Op der Däitschsproocheger schéngen s'en Trick fonnt ze hunn, dat op déi 'Gängegst' ze reduzéieren (déi x Gréisst an all déi europäesch Sproochen, wann ech dat richteg interpretéieren). Kinnt een dat hei och aféieren?


Zinneke (Diskussioun) 17:54, 29. Mäe. 2025 (UTC)[äntweren]

Wéi?
Et gëtt ee magic word {{noexternallanglinks}}, mat deem een dat automatescht Uweise vun den Interwiki-Linken, wéi se am ggf. verbonnene Wikidata-Element hannerluecht sinn, ënnerdrécke kann (cf. mw:Wikibase/Installation/Advanced configuration#noexternallanglinks). Wann een dat asetzt, kann ee wéi fréier mat manuellen Interwikilinken à la [[de:Wikipedia:Hautpseite]] all gewënschte Sproochlinken zefouss definéieren.
Op der däitschsproocheger Wikipedia hunn se op der Haaptsäit dofir d'Schabloun {{Wikipedia:Hauptseite/Interwikis}} gesat, an där all hir 51 Interwikilinke vun hirer Haaptsäit opgelëscht sinn, suivéiert vum genannte magic word.
Firwat (net)?
Am Prinzip kéinte mir dat ganz einfach och maachen, mee a mengen Ae wier dat eng onnéideg Aschränkung, well guer kee Problem besteet: Ugemellte Benotzer kënnen nämlech an hire Benotzerastellungen ënner „Ausgesinn“ am leschten Abschnitt „Sproochen“ d'Optioun „Benotzt eng kompakt Lëscht vu Sprooche mat deene Sproochen, déi fir Iech relevant sinn“ aktivéieren, fir datt net déi ganz Sproochelëscht ausgeklappt gëtt. A fir net ugemellte Benotzer – déi jo keng sou Astellunge maache kënnen – gëtt d'Standardbenotzeruewerfläch Vector (2022) benotzt, bei där d'Interwikilinken net ausgeklappt an der lénkser Säiteläischt, mee zesummegeklappt iwwert der Säit (resp. aus engem mir onbekannte Grond op Haaptsäiten drënner) stinn. D. h. fir ugemellte Benotzer ass de Problem mat engem Klick an de Benotzerastellunge liicht léisbar a fir net ugemellte Benotzer besteet de Problem guer net.
An déi Däitschsproocheg?
Op der däitschsproocheger Wikipedia ergëtt hir Léisung awer duerchaus Sënn, well bei hinnen d'Standardbenotzeruewerfläch net Vector (2022) ass, mee Vector alt (2010), an do ginn d'Interwikilinken ausgeklappt an der lénkser Säiteläischt ugewisen, deemno och fir net ugemellte Benotzer. A well net ugemellte Benotzer jo keng Benotzerastellunge maache kënnen an et och fir si „propper“ ausgesi soll, ware se gezwongen eng global Léisung ëmzesetze wéi uewe beschriwwen.
--Volvox (Diskussioun) 00:01, 30. Mäe. 2025 (UTC)[äntweren]
P.S.: Witzegerweis hunn ech mäi Kommentar iwwer déi däitschsproocheg Wikipedia dee leschten Dag gemaach, wou en iwwerhaapt nach gestëmmt huet. Den 31. Mäerz 2025 gouf nämlech och op der dewiki Vector (2022) och zum Standard 😉(cf. de:Hilfe:Skin/Vector 2022). --Volvox (Diskussioun) 17:57, 7. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]

Homonymie-Linken entdecken

[Quelltext änneren]

Den Tipp vum Dag: Wann ee wëll méi liicht Wikipedia:Homonymie-Linken an Artikelen entdecken, fir se eventuell duerch e Wikilink op déi richteg Säit z'ersetzen, kann ee se faarweg markéiere loossen, andeems ee ganz einfach op seng Benotzerënnersäit common.css dee follgende Code dropsetzen:

.mw-disambig {
  background-color: #ff9191;
}

(inspiréiert vum Gadget de:Wikipedia:Helferlein/Begriffsklärungs-Check). Amplaz #ff9191 kann een natierlech eng belibeg aner Faarf wielen. Dat gesäit dann z. B. esou aus:

Screenshot vu „Jeanne-Claude“ vum 26.04.2025 mat faarflecher Markéierung vun Homonymiesäiten.

A schonn huet een niewelaanscht een Homonymielink fonnt fir ze verbesseren. --Volvox (Diskussioun) 13:50, 26. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]

Kann iwwregens gutt mat der Spezialsäit „Säiten, déi op Homonymiesäite verlinken“ kombinéiert ginn. --Volvox (Diskussioun) 13:57, 26. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]

Infoboxe mat Wikidata lo och mat „mul“

[Quelltext änneren]

Ech wollt Bescheed soen, datt iwwer d'Schabloun {{wikidata}} duerch dës Ännerung lo net nëmme méi lëtzebuergesch Etiketten ofgegraff ginn – wann et därer keng gouf, da gouf virdrun einfach guer näischt ugewisen –, mee elo och „mul“-Etiketten (also de berüümten neie „Standard fir all Sproochen“). Doduerch ass et net méi néideg fir all méiglech Persounen hiren Numm op Lëtzebuergesch ze kopéieren, just fir datt se an Infoboxen optauchen.

Falls engem Problemer domat opfalen oder Argumenter afalen, firwat dat keng gutt war, gäre Bescheed soen.

(@GilPe, @Les Meloures pour info)

--Volvox (Diskussioun) 20:56, 26. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]

Tipptopp, merci fir den Hiwäis. | GilPe (Diskussioun) 06:20, 27. Abr. 2025 (UTC)[äntweren]

Schabloun:Commonscat geännert

[Quelltext änneren]

Pour info: Ech hunn d'Schabloun:Commonscat grad geännert. Wann een einfach nëmmen {{Commonscat}} an een Artikel oder eng Kategorie schreift, da gëtt de Wäert vun der Eegenschaft Commons-Kategorie (P373) vu Wikidata als Commons-Kategorie geholl a {{PAGENAME}} als Linktitel ugewisen.

De Gedanken dohannert ass et, d'Derbäisetze vu Commons-Linken haaptsächlech an eise Kategorien däraarteg ze vereinfachen, datt kee sech méi ploe muss all Kéiers nom Verknäppe mat Wikidata op Wikimedia Commons nozekucken, wéi déi Kategorie dann do heescht, fir se dann zesumme mat engem {{PAGENAME}} an de Wikitext vun der Kategorie antippen ze goen. Lo geet et duer {{Commonscat}} an déi zweet Zeil ze setzen, an d'Bier ass geschielt (ech wäert dat deemnächst mam AutoWikiBrowser iwwerall do maachen, wou nach guer kee Commons-Link gesat ass, obwuel en existéiert). Bei Artikelen ass et net ëmmer esou banal, well mer do dacks d'Méizuel vum lëtzebuergesche Begrëff gesi wëllen; dat muss een dann nach ëmmer zefouss definéieren. A fir all anere Fall kann een nach ëmmer de Link an de Linktitel definéieren, wéi ee wëll. --Volvox (Diskussioun) 18:06, 10. Mee 2025 (UTC)[äntweren]